Tuesday, November 28, 2006


Sonden den 26 november em 2:20 auer huet den Romain aka White_wulff eis leider fir emmer verloos.
Dese blog as do sodat al dem White_wulff seng frenn, kolleegen an de rescht him e puer lescht wieder kennen hannerloosen an dem Knuddelket an dei schweier zeiten ze ennerstetzen.

Klickt einfach op "comments" an dan kent dir eppes hannerloosen, oder dei messagen dei schon geschriwen goufen kucken

67 comments:

Anonymous said...

Meng léif schnesselchen,dass du nit méi solls do sin ass fir mech nit ze verstoen,wéi's du vu maer gaangen bass ass een stéck vu maer mat daer gaangen,an mengem häerz an mengen gedanken waers du ëmmer bleiwen,ech soen daer fir déi wonner schéin zäit déi maer hatten Merci! Du wars ëmmer fir mech do,hues mech ëmmer nees opgeriicht wann et maer schlecht gaangen ass,an fir den filius wors de een super frënd....däin Mukkelchen alias knuddelkett

Anonymous said...

hei ass een deel vum klengen prenz deen ech daer mat op den wee well gin... elo deet deen text schrecklech wei ech wees... awer dei trauer ass wichteg , egaal wei haard daat lo klengt.. awer du muss emmer drun denken du bass net eleng.. du hues dem white wulff seng leift an dir.. dei hellt keen dir wesch... seng seil ass mat denger verbonnen...haal dech dodrunner fest an glaew emmer drun DU BASS NET ELLENG

ech wenschen daer all kraaft vun dar welt.. an du wees wous du mech fenns... loos dech drecken...white_wulff, knuddelkett meng gedanken sin aer gedanken, daer sidd an mengem gebied..


»Wenn du bei Nacht den Himmel anschaust, wird es dir sein, als lachten alle Sterne, weil ich auf einem von ihnen wohne, weil ich auf einem von ihnen lache. Du allein wirst Sterne haben, die lachen können!«
Und er lachte wieder.
»Und wenn du dich getröstet hast (man tröstet sich immer), wirst du froh sein, mich gekannt zu haben. Du wirst immer mein Freund sein. Du wirst Lust haben, mit mir zu lachen. Und du wirst manchmal dein Fenster öffnen, gerade so, zum Vergnügen... Und deine Freunde werden sehr erstaunt sein, wenn sie sehen, daß du den Himmel anblickst und lachst. Dann wirst du ihnen sagen: 'Ja, die Sterne, die bringen mich immer zum Lachen!' Und sie werden dich für verrückt halten. Ich werde dir einen hübschen Streich gespielt haben...«
Und er lachte wieder.
»Es wird sein, als hätte ich dir statt der Sterne eine Menge kleiner Schellen geschenkt, die lachen können...«
Und er lachte noch immer. Dann wurde er wieder ernst:
»Diese Nacht... weißt du... komm nicht!«
»Ich werde dich nicht verlassen.«
»Es wird so aussehen, als wäre ich krank... ein bißchen, als stürbe ich. Das ist so. Komm nicht das anschauen, es ist nicht der Mühe...«
»Ich werde dich nicht verlassen.«

vivi

Anonymous said...

rom,
wars emmer e feine mensch ann emmer hellefsbereet och wa mer nett emmer enger meenung waren.Deng witzer an dei ganzen genre wert mer fehlen well dee war enzegarteg

Anonymous said...

Knuddelkett, ech wees dass keen der den Rom zereck brengen kann , me een deen en kannt huet wees, en wuar liewensfrouh an huet een emmer zum lachen bruecht, an hien well bestemmt eppes vir dech, dass de hien secher net vergess me awer solls sou gudd wei meiglech weider liewen an no vier kucken.
Mir hun emmer vill gelach am chat an et wuar emmer leschteg mol heiandso mettes mat him eppes iessen ze goen well dann wuar emmer eng lass am resto:)
Sin secher dass en heiandso mat eis schmunzelt wann mer am chat lachen, op desem wee knuddelkett probeir virun ze liewen an irgendwann rem frou ze gin daat wier bestemmt dem rom sein wonsch

Unknown said...

Et ass traureg, dass sou en gudden Mensch weis du, Romain et wars, eis sou frei verloosen hues missten. Mer hun eis zwar just iwwer d'Internet kannt, mee die Persoun wou ech do kennengeleiert hun war eng immens.
Mein Beileed un knuddelkett an d'Famill

Andy aka Tampax

Unknown said...

Ech hun Dech zwar nemmen ganz kuerz kannt, an nie sou gudd wei ech Dech emmer wollt kennenleieren, well mer jo dee Patt do nie huelen woären... Ech hoffen Du hues et gudd wou 's Du lo bass an dass Du weider op eist Knuddelkett oppass...

So long, and Thanks for all the Fish!

Unknown said...

Rom, mir hun eis nemmen iwert den chat kant, an eng keier in real life getraff. Mei so wei ech dech kant hun waarst du deck an der rei an waert dech och emmer an erenerung halen.
Knuddelket, mein haertzlech beileed an du weest dat wan eppes as, du emmer mat mir kanst schwetzen...

Nina T. said...

Romain, ech hun dech zwar just iwert den Chat kannt, mee hun eis Gespreicher an deng Witzer emmer genoss, wäert dat an dech ni vergiessen.
Kettchen, wanns de irgendeppes brauchs, du weess wou's de eis fenns.

Anonymous said...

Rom, mer hun eis aus eiser jugend kannt, hun eis aus den aen verluer, hun eis dun erem fond dank menger léiwer schwesterchen knuddelkett, leider hun ech dech elo fir emmer verluer. Du hues mech sou oft rosen gemach an och sou oft lachen gedoen, dat wärd mer éiweg fehlen.
Knuddelkett, mer 2 hun schon sou vill duerchgemach zesummen an du wees dat ech dest Leed och mat der deelen..mer 2 wärten nach nueten verbrengen, stären kucken (well den Romi ass bestemmt e klengen stärchen am himmel) an nach vill aner sachen machen....kapp héisch mausi, den Romi an mer all, deng gudd frenn, wärten gudd op dech oppassen an dech léif drécken wanns du et brauchs
deng mini kleng schwesterchen d'flouchen

Unknown said...

artist , Rom ech wees net op Dein Wonsch dass mer net traureg sinn sollen sou einfach ze erfellen ass , mee versichen et , hun dech leider net perseinlech kennen geleiert , egal wous de lo bass woenschen ech der dass et der gudd geet an pass op Pia op ,,an der chat famill waert dein nick emmer an beschter Erennerung bleiwen . Pia an knuddelkett-sein-junior den Misch an ech drecken der heimat eist deifst Matgefill aus .

Anonymous said...

white_wulff alias romi mein frend du wees waas du fier mech gemeht huess mei soen ech dier nett, ett sinn der hei dei emmer unn dech denken ann eisen hertzer bleifs du emmer white_wulff mier gesinn eiss ann den eweigen jagtgrènden red_wulff

Anonymous said...

Leiwen Romain, och wann mer eis net gudd kannt hun, denken ech emmer drun zereck weis du mat allen Leit wars, du wars emmer frendlech, gudd gelaunt, emmer een Spass drop an virun allem een gudd Haerz. Hun haut nach missen driwer lachen dass de gemengt hues ech misst mer een Quad zouleen fier kennen bei den Motorstier matzemachen. Eis Erennerungen un dech waerten emmer bei eis sin an dech an eisen Haerzen um Liewen haalen. Patrick

Anonymous said...

Romi du wors emmer le leiwe frend wann mir dech gebraucht hun worste emmer do dem knuddelkett drecke ech mei herzlicht beileed aus ech wert dech net vergiessen deifchen weiste mech emmer genant hues alias Paloma oder Ploemchen

Anonymous said...

Ech kann et nach emmer net fier meiglech haalen dass du net mei bei ons bass. Mier haaten ons op engem bikertreff kennegeleiert an vun deemools un waaren mier emmer derbei soubaal et geheescht huet e sonden fueren mier erem mam moto een tour maachen. Du hues emmer fier stemmung gesuergt , du waars een herzensgudde mensch an emmer fier jiddereen do. An onsen Herzen liefs du virun an hoffen do wous du bass geet et dier besser. Iergendwann gesin mier ons all erem. Mier sin frou dass mier dech kennengeleiert hun. Diddlina an shadowman an diddlina junior

Anonymous said...

Leiwen white_wulff :

Am chat konnt ech en puer mol mat der schreiwen.. an du wuars seit den eichten daach nachemmer fein gewiercht .. hues mer gehollef an mer hun souguer gudd mateneen gelaacht gehaat, lo dat ech gewuer sinn dass du eis verlooss hues , ass et mer bewosst wei schnell een en gudden kolleg verleieren kann..
Du waers eis vill fehlen , lebe freih... Aurevoire White_Wulff
amicalment.......

>>>> PuppelchenM25 >>>>

Anonymous said...

DEN ROMAIN: en leschtegen an hellefsbereeten Kaerel wou 1 emmer gaeren drun denkt. Knuddelkett an dengem Herzen soll en sin, well en huet der dei scheinsten Momenter gin.
Drecken dech ganz fest Knuddelkett.

Anonymous said...

hey...

hmz fannen et extrem traureg waat geschitt ass... stellen mir d'Fro firwat den Romain sou fréi huet missen goen =( Hien war sou een gudden Kaerel... war emmer witzeg an konnt een iwwert alles mat em schwetzen...leider gin all déi gudd menschen vill ze vill fréi fort vun eis...Mais eppes dierfen mir nie vergiessen! Den Romain /white_wulff oder wéi dir en kennt... Romain mir behaalen dech an Gedanken an am Haerz! Vergiessen man mir dech nie!

Philipp3 / pipo073

Unknown said...

Romain, although I never had the pleasure of meeting you in real life and we didn't talk often online, you were always very friendly and very kind. When I see how affectionately people talk about you on chat.lu, it makes me wish that we had had the chance to talk more and that I had known you better.

You are missed by all of us and you are in our thoughts, prayers and hearts.

God be with you.

Anonymous said...

Pia ,
waat ech ze soen hun, hun ech der schons gesoot an haat daat och dem Romain gesoot wei ech firun enger Woch bei him war.
Nie wert ech hien vergiessen, war fir mech wei en groussen Brudder an ech war sou happy wei en dech kennegeleiert huet..well Du hues him nees en Senn am Liewen gin wei hien mir firun 6 meint soot..
Dass hien Dech elo verlooss mescht Dech an vill aaner Leit traurech,mee ech sin dovun iwwerzeecht, dass den Romi daat net wollt an net well..dofir..Pia : haal en an Erennerung wei en war, en herzensgudden, liewensfrouen, eierlechen an spontanen Mensch deen nemmen verdengt dass Du an all dei Leit dei him Frenn sin.. daat bleiwen sou wei hien war..
Ech wert en nie vergiessen,, den white_wulff aus dem chat an och net Romain vun Diddeleng an schons guer net net Romi mein groussen Brudder

Marion said...

Leiwen Rom, mer huen eis leider net lang kannt, mais du wars een eierleschen an symphatischen mensch. Dofier wollt ech der eppes schreiwen:

"Dein liebes Herz hat aufgehört zu schlagen und wollte doch so gern noch bei uns sein. Gott hilft uns diesen Schmerz zu tragen, denn ohne Dich wird manches anders sein"!

Bunny_31

Anonymous said...

Fir d'Pia an all déi, déi de Romain gär hun

Mär hun eis leider net kennegeléiert, weder am Chat nach privat, mär sin nach net laang derbäi. Mee alles, wat ech di lescht Deeg héieren a gelies hun, léist mech denken, dass dat hei am Romain séngem Sënn wier:

Je vous attends...

La mort n'est rien.
Je suis seulement passé de l'autre côté.
Je suis moi. Vous êtes vous.
Ce que j'étais pour vous, je le suis toujours.
Donnez-moi le nom que vous m'avez toujours donné.
Parlez-moi comme vous l'avez toujours fait.
N'employez pas un ton différent.
Ne prenez pas un air solennel ou triste.
Continuez à rire de ce qui nous faisait rire ensemble...
Priez, souriez, pensez à moi.
Que mon nom soit prononcé à la maison,
comme il l'a toujours été,
sans emphase d'aucune sorte,
sans aucune trace d'ombre.
La vie signifie tout ce qu'elle a toujours été.
Le fil n'est pas coupé.
Pourquoi serais-je hors de votre pensée
simplement parce que je suis hors de votre vue?
Je vous attends, je ne suis pas loin,
juste de l'autre côté du chemin...
Vous voyez, tout est bien.

Charles Péguy

Versicht, et esou ze gesin, vläicht tréischt dat Iech e bëssen...

Tranquilla a Famill

Unknown said...

Et as net einfach en Mensch ze verléieren, zumols wann et sou en liewensfrouen Kàerel as wéi's du et wors Rom. Mier hun eis leider nie perséinlech kennegeléiert, mee déi puer Kéieren wou mer eis am chat mateneen ennerhaalen hun, hun ech en feinen an leschtegen Kärel kennegeléiert. Ganz werts du eis secherlech nie verlossen, Gedanken sin onstierflech!
Vun mier dem knuddelkett an der Famill mäin herzlecht Bäileed
Mike aka schoeeee

Anonymous said...

whitewulff,mon cher ami,du loup tu es devenu un aigle,je sais que tu veilleras toujours sue nous de la haut,tu resteras toujours dans nos coeurs.
Perle

Anonymous said...

Ech wees nett waat een an esou enger Situatioun soen soll ausser daat waat ech fillen. An dat ass elo en mega grousst Lach an mengem Haerz well en besseren Kolleg wei den Rom kann en nett kreien. Et muss een en kannt hun vir ze wessen wei waertvoll en war.
Knuddelkaett ech hun dech leider nett kennegeleiert mee ech weess das Du dem Rom all daat gin hues waat en esou vermesst huet an ech drecken dech einfach nemmen eng Keier ganz leiff an wenschen dir all Kraaft den Verloscht do ze iwerstoen.

Was man im Herzen traegt kann auch der Tod einem nicht nehmen

Rom main Siler_Eagle Du waerts emmer eng Eirenplaatz an mengem Haerz behaalen

Free_Eagle

Anonymous said...

whitewulff , deng blenkej diamanten aan, dein scheinen grinsen , dennst du huest,wärt ej mein liewen lang net vergiessen, eus mengem härz helt kenn dej mei reus.
maus-eléna

Anonymous said...

Leift Pia ech kann dech haut net mat ob dem Romi seingem lechte Wee begleeden mes ech sin a Gedanken bei ech an wann d'Tréinen eng Trap kéinte bauen an d'Erënnerungen eng Bréck,da ginge mer an den Himmel klammen an dech zréck huelen Romi Pia ech drecken dech ganz fest Sylvia

Unknown said...

white_wulff mir hun ons nemmen durch den chat kannt, dofir war des Bekanntschaft awer keng manner schlecht, an mengen Aen wars du en patenten Kärel, ech wärt dech vermessen.
Mein Baileed un dei Hannerbliwen.
Dan_aka_housecker

Anonymous said...

Rom,
ech sin frouh dass ech dech konnt perseinlech kennenleieren, ech kann nemmen soen du wuars e super Kerel emmer un dei aner geduecht an geholef an leider konnt keen dir helefen!Ech hoffen et get dir elo gudd wous du bass!
Pia,
ech bewonneren dech fir daat waats du gemaacht hues, an den Rom konnt frou sin eent esou wei dech gehaat ze hun!
Meng Gedanken sin bei iech zwee an wärt den Rom emmer an gudder Errennerung behaalen!
Drecken dech ganz fest Pia an och mein herzlechst Beileed un d´Famill
Cynthia alias Fiffimaus

Anonymous said...

Knudelkett

mir kennen eis zwar net just en bessen vum chat mee ech well dir och soen dass et mir ganz vill ledd dett an ech hoffen dass de no fier kanns kuken a wei ech geliess hun dein mann resp. liewenspartner en ganzen fein mensch war.

ech kann dir just mat op den wee gin denk un dei schin zeit dei dir zesummen hatt
mein härzlechst beileed

Tina_23

tretz said...

du hues eis vir emer verloos mee an eisen herzen bleifs du bestoen
du waas emer fein mat engem um chat an daat bleift ech wert emer un dech denken

Anonymous said...

Och ech soen dier heimadder Eddy an hoffen do wous de bass dass et dier gutt geet....Ech sin frou dass ech d'chance kruut dech kennenzeléieren,well du bass en herzensgudden Mensch gewiercht,deen et färdeg bruecht huet mat senger sympatescher art an weis engem d'Suergen fort ze huelen...Ech wärt deng Persoun ni vergiessen,an déif an mengem Herzen bass du bei jiderengem vun eis dran! Ech kann et einfach net gleewen dass elo keen White_Wulff méi soll dobei sin,weder am chat nach op den Motostouren...een wou emmer vier stemmung gesuergt huet,an wou een sech emsou méi emmer gefreet huet nees di ganz equipe ze gesin..Eddy Romi,an wi meng Mam schon soot,iergendwann gesin mier eis all erem,an dan laache mer nees all zs,wi an den aalen zeiten...

Anonymous said...

Am chat konnt ech en puer mol mat der schreiwen. an du wuars seit den 1 daach nachemmer fein gewiercht mat mir, hues mer gehollef wann ech ebes need wust an mer hun souguer gudd mateneen gelacht gehaat,an lo dat,dat ass need richech emmer mussen dei gudd goen an dei schlecht bleifen.an ass et mer lo bewosst wei schnell een en gudden FREND verleieren kann.
Romain alias White_Wulff ciao mir gesin eis am Himmel erem.an dat ass fir dech...Knuddelkett an,an dengem Herzen ass hein fir emmer an dat ass gudd sou well en huet der dei scheinsten Momenter an dengem liefen gin du was wei nei gebour wei ech dech mat heim gesin hun.

Marco said...
This comment has been removed by the author.
Anonymous said...

LEIW KNUDDELKETT HUN DE WHITE WULFF NET KANNT MEE HUN VILLES GUDDES VUN HIM HEIER EN MENSCH ZE VERLEIEREN MAT DEM EEN FROU AS AS SCHWEIER ZE VERKRAFTEN ;ECH WEES DASS KEEN TROUSCHT MEE DENK AN DENEN GUDD ZEITEN DEI DU MAT HIM VERBRUECHT HUES AN BEHAAL DEI AN GEDANKEN ET HELLEFT VIR WEIDER ZE KOMMEN; ECH DRECKEN DIR HEIMAT MEINT DEIFST MATGEFILL ;STEFFI ALIAS LIDIA

Anonymous said...

Am chat konnt ech en puer mol mat der schreiwen. an du wuars seit den 1 daach nachemmer fein gewiercht mat mir, hues mer gehollef wann ech ebes need wust an mer hun souguer gudd mateneen gelacht gehaat,an lo dat,dat ass need richech emmer mussen dei gudd goen an dei schlecht bleifen.an ass et mer lo bewosst wei schnell een en gudden FREND verleieren kann.
Romain alias White_Wulff ciao mir gesin eis am Himmel erem.an dat ass fir dech...Knuddelkett an,an dengem Herzen ass hein fir emmer an dat ass gudd sou well en huet der dei scheinsten Momenter an dengem liefen gin du was wei nei gebour wei ech dech mat heim gesin hun.du bas op menger Hp an du hoes do emmer eng Plaz

Anonymous said...

Leiwen Romi,dei bescht mussen emmer als eischten goen mais du bass vill ze vill frei gaang,sinn frou sou en Mensch wei dech gekannt ze hunn deen eischter no deenen anneren gekuckt huet wei no sech,hass mir eppes versprach waat mir leider net mei konnten zesummen maan mee wert daat nie vergiessen an dech och net,leiwt Pia wenschen dir alles guddes an vill freed an dengem weideren liewen du bass net alleng

peppels aka sandra

Anonymous said...

ech weess wen knuddelkett as
ech wousst dass et een mann un senger seit gett
ech hun emmer nemmen guddes vun dem heieren
hun emmer gehofft den och mol kennenzeleieren
en sonndeg krut ech noricht dass dat net mei meiglech wier
an dann muss ech puer deg duerno rausfannen dass mir eis schon iwwer 10 joer kennen
mam numm whitewulff konnt ech näischt ufänken ausser dass den zum knuddelkett geheiert
mee lo hun ech eng foto vun dir gesin mat dengem richtegen numm dobäi an muss feststellen dass mir schon oft mateneen ze din haten sief dat berufflech sief dat duerch eisen hobby
rom schued dass ech gelehenheet nie genotzt hun och mol privat oder am chat mat dir ze schnessen
irgendwann huelen mir dat no
dem knuddelkett an der ganzer famill main deifsten matgefill
Arsene

Anonymous said...

Rom ...merci fir all dei schein momenter dei mir zesummen am chat haten ...mir hun vill gelaacht an sou munch skuril saachen diskuteiert ...dat wärd mer fehlen, wollef ...ech vergiessen dech net

Anonymous said...

Lieber Rom,
Warst Vater, Freund und Gefährte,
der starke Mann, der uns das Leben lehrte,
der unsre Trauer mit uns teilte,
an unsrer Seite still verweilte,
uns die Hand hielt, wenn wir weinten,
sich in der Freud' mit uns vereinte,
uns auf unsrer Bahnen lenkte.
Doch Du musstest gehn, ließest uns allein,
wir sind nicht einsam, wirst für immer bei uns sein.
Deine Freunde
Den Rom war en feinen leiwen Kerel, vill gelacht hun ech mat em...ech wes nach wei en emol hei war, ech an meng Kanner mer ware gebeit vun lachen. En hat emmer eng ob Lager.
Rom mer vermessen dech dat as kloer, me wann mer rop kuken dann gesin mer dech.
Pia sin mat mengen Gedanken bei der, an glew et den Rom kukt obt dech rof, du bas net alleng.
Dem knuddelkett an der ganzer Famill main herzlecht Matgefill.

Bougie

Anonymous said...

Mengt heerzlecht Beileed
ech kennen dech knuddelkett just bessen aus dem chat ,me wei hei ze lesen ass muss den white_wulff,een sympatischen Mann gewescht sen ,et det mer leed en net mei kennen geleiert ze hun.
Kassie

Anonymous said...

romain mir hun eis nemmen durch durch den chat kannt daat ass awer schon eng zeitchen hier. Et deet mer leed dass de eis schon sou frei hues missen verlossen. Knuddelkett ech drecken dir mir mein herzlecht beileed aus.

Anonymous said...

Knuddelkett

Mir wellen eist haerzlecht Beileed ausdrecken. Den Romin muss en super Kaerel gewiecht sin mir konnten hien leider net kennenleiren.Haal emmer dei schein Momenter mam Romain an Erenerung

Daddy_Coool an Angele31

Anonymous said...

Pia, du gudd Mausel, dees mir esou lee, den moment mess Du daat schlemmst madd waad een Mensch kann maddmachen, an deem moment wouh ech Dir daat schreiwen hun ech selwer Treinen an den Aaen ech kennen Däin Rom nett ma esou op der Foto muss ett een Goldsteck gewierscht sin, ett gin souwiesou keng wierder die die den Wéih weschhuelen, an dofir haalen ech lo op an an gedanken drecken ech DECH ganz vill, kapp heisch Maus
DK

SonnenGoettin

Arwen said...
This comment has been removed by the author.
Arwen said...

Leiwen Romchen,

wou ech dei nouvelle krutt as et ma ganz aanescht gin.maer sin treinen an d aaen gesprong, et huet mier sou deck gedoen, du wars sou en leiwen an hellefsbereetenen kaerel, an ech wert mer et net vergiessen dass ech nie zait fannen mech bei leit ze mellen well dann haett ech et matkritt wei schlecht et dier geet an haett dech vlait kinnten en steck op dengem schweiren wee begleeden, du bass emmer an mengem haerz an mein papp denkt och ganz vill un dech
knuddelkett ech kennen dech zwar net perseinlech ma ech drekken dier mein herzlechst beileed aus an denken un dech an un aer famillen
Arwen/steph

good_mouse said...

Romain
Immer für alle dagewesen.
Immer das Beste gewollt.
Immer das Beste gegeben.
Wir haben mit dir das Beste verloren.
Du warst immer für mich da ... auch wenn wir uns nicht oft sahen warst du mir immer ein guter Freund auf den ich immer zählen konnte,du hast es immer fertig gebracht mich zum Lachen zum bringen , ich werde dich als Freund nie vergessen, du wirst immer in guter Erinnerung in meinem Herzen sein

Marie-Jeanne

good_mouse said...

Knuddelkett-- Pia
Eine Hand die dich hält wenn du glaubst, du fällst in das schwarze Loch der Wirklichkeit. Eine Umarmung, die dich tröstet, wenn du glaubst du kannst nicht mehr. Einfach spüren, man ist nicht allein...in Gedanken bin ich bei dir,vergiess das nie,ich werde für dich da sein wenn du mich brauchst

Marie-Jeanne

Anonymous said...

Oh Wöllefchen...
Wou ech den Méinden den Moien Zeitung opgeschloen hun, hunn ech mengen Aan net getraut. Daat konnt dach net sin?! Ech wosst zwar vun dengem haarden Wee an denger schwéiren Situatioun, mee..... daat konnt dach net sin.
Wei mein Papp schons emmer soot, deen dech schons joerelaang durch den Sauvetage an dien Job kannt huet: "Den Rom ass een zéihen, deen packt daat". Awer sou kann een sech ieren.
Natiirlech bereien ech et zum Schluss den Kontakt verluer gehaat ze hun, well wou ech meng schwéier Zeit hat, waars du emmer vir mech do, an has dir mein Gesouers ugedoen. An dun, sou lues a lues, emmer e besselchen méi, ass den Kontakt manner gin.
Wöllefchen, du werts ganz ganz villen Leit feelen.
Dir Pia, an all dengen Léiwen mein éierlecht an härzlecht Bäileed, mee och du bass een Zéiht, an d'Zeit, Famill an Kolleegen wärten dir hellefen den ganzen Misère ze verdauen.

Corinne

Anonymous said...

Rom, jo wat soll ech soen, mer hun eis kannt durcht Pomjeen.Du hues mer sou zimlech alles beibruecht wat ech demols hun missen do wessen.Mer sin gut Komoroden gin, an werd dech vermessen.
Pia mein Beileed an du wes jo mer sin do.

Men

Anonymous said...

Und immer
...und immer sind da Spuren deines
Lebens, Bilder, Augenblicke und Gefühle,
die uns an dich erinnern und uns glauben lassen, das du bei uns bist.

Knuddelkett;ech wees net wat soen :-(,sin an Gedanken bei dir ,mein haerzlechst Baileed. Rom,dir wollt ech just soen"schein dass ech dech hun dierfen am chat kenne leieren ,du wars e feine Mensch!
orchidee

meggie said...

menschen verlossen eis nie ganz,sie gin just op eng aner platz,an irgendwann treffe mer se rem,et ass batter am ufank,awer mat der zeit musse mer eise wee weidergoen,eis frenn wéilten net dat mer eis opgin ,mir sollen dat schéint an erennerung behalen,a mat engem lachen un se denken,bis den daag koennt wou mer se rem gesin

Anonymous said...

Du hust mer vill gezielt an mer waren eis dachs net éenz. Ech hun vill vun der verhalen wat bestemmt net egal wat war. Och déi Jonk mussen sech d'Haaren ofstoussen, mais ech hoffen dass se vidrun en Léiermeschter wéi dech haten!
Et déet mer Léeed dat ech dech net besichen komm sinn, mais ech verdroen et net wann ech gesinn wéi Leit vun mer ginn wou ech gudd kann leiden an ech kann neicht man.
Rol (Suzukidevil )

Anonymous said...

Du hust mer vill gezielt an mer waren eis dachs net éenz. Ech hun vill vun der verhalen wat bestemmt net egal wat war. Och déi Jonk mussen sech d'Haaren ofstoussen, mais ech hoffen dass se vidrun en Léiermeschter wéi dech haten!
Et déet mer Léeed dat ech dech net besichen komm sinn, mais ech verdroen et net wann ech gesinn wéi Leit vun mer ginn wou ech gudd kann leiden an ech kann neicht man.
Rol (Suzukidevil )

kosar said...

Rom, du hues en deift eidelt lach an der chatfamill hannerloos
kosar

Anonymous said...

Wollt dan emol merci soen dass hei esou vill Leit eppes vir mein Brudder geschriwwen hun.Dir sollt hien esou an Errennerung haalen wei dir den Rom kannt hut.Nach emol merci vir dei ergreifend Kommentarer.seng Mamm Rita sein Papp André de Norb sein Brudder Jessi sein Meedchen an den Abes sein Edem MERCI!!

Muckelchen said...

Meng Schnesselchen,
Duerch een dommen zoufall hun maer éis kenne geléiert,awer et huet direkt ageschloen sou wéi et sech gehéiert,géint éis gefiller konnten maer näischt maachen,datt maer iwwer kuerz oder laang zesummen kommen,doriwwer kann een bal nëmmen laachen,die wonnerschéin zäit déi maer haaten,wor ausgefëllt mat drang an taaten,maer hun alles fir éis léift gemaach,sech zäit gelooss an alles verdéift,aus der verléiftheet ass een zesummenhallt ginn,also genau sou wéi et soll sin,den knall den draammann fonnt ze hun,also do wor keen zweifel méi drun,och fir den filius hues de un wichtegkeet ugeholl,säin bodyguard an alle liewenslaagen wolls de sin,an déi tache hues de méi wéi eescht geholl,een super frënd an vierbild bass de ginn,genau sou wéi et sollt sin,een laangen wee wollten maer zesummen goen,nach sou vill erliewen,éis an alles verdroen,als famill d'welt onsëcher maachen,éis duerch den recht vum liewen laachen,alles daat ass éis geholl ginn,waat soll d'liewen lo nach sin,duerch déi schwéier zäit muss een duerch,wéi een daat soll maachen,dorunner huet nach keen geduercht,d'zäit heelt all d'wonnen,soen se all,eppes wees ech op alle fall,dech meng schnesselchen déif an mengem häerzen ëmmer bei maer ze hun,den filius,deng mamm däin papp d'jessi den abbes an däin brudder em mech ze hun,gëtt maer vläit d'kraaft den glaawen ze hun,den wee ze packen ouni dech u menger säit ze hun,daer menger léiwer schnesslechen äddi soen kann ech hei net,well ech wees,du bass ëmmer an éiser mëtt

Sweety said...

Majo dann wollt ech och mol een klengen comment iwert den WHite_wulff hei hannerloosn ech hun dech emol bei emnger mamm gesin an du wuars einfach een feinen an och witzegen Mann du wuars wikleg an gudder stemung mer hun och mol manchmol am chat madeneen geschriwwen daat wuar emmer flott och wanns du lo nemi ennert eis bas werts du awer emmer eng grouss plaatz an den herzen vun dengen frenn oder och familiendeeler hun du gees ni verluer un dech werten mer nach laang denken ech wollt nach mein herzlecht beileed un Knuddelkett riichten

Everytime i wish, i wish you were here we alwaya love and miss you

Sweety Em Bougie sein Meedchen

Anonymous said...

Hei ass den Filius,
den Romi war emmer eng Persoun, dei mech ni vergiess huet, emmer bei mer war, emmer fir mech do war, gehollef huet, wou en konnt, an een vun deenen beschte Frenn, dei een kann hunn, hien war emmer en Held fir mech an en wäert et emmer fir mech sinn. Hien war emmer leif mat jiddverengem, besonnech mat menger Mamm, dem Mukkelchen, an hien war e Mensch, deen dofir geliewt huet, aaneren Menschen an der Nout ze hellefen. Ech sinn stolz drop, en sou gudden Mensch kannt ze hun, an ech wäert en ni vergiessen, well an mengem Häerz ass en nach emmer do.

Anonymous said...

hab dich noch nicht lange gekannt aber nun bis de schon weg ,alles was wier tun wollten ist jetzt zerstört ,da du von uns allen gingst aber wier sind nicht traurig denn wier haben dich gekannt.!!!
Ghostrider

Anonymous said...

mukkelchen (knuddelkett) salut ech hun den ROMAIN net privat kannt nemmen aus dem chat an hien huet mir nach nie eppes se leetz gedoen hien war emmer fein egal wat war, dofir spriechen ech dir mein beileed aus, ech wenschen dir fir deng zukunft alles guddes an das du stark bleiws/bass, ech sin secher deng kollegen sin fir dech do an helefen dir aus dem schweieren verlust raus sekommen !

Anonymous said...

mukkelchen (knuddelkett) ech hun den ROMAIN net privat kannt nemmen aus dem chat an hien huet mir nach nie eppes se leetz gedoen hien war emmer fein egal wat war, dofir spriechen ech dir mein beileed aus, ech wenschen dir fir deng zukunft alles guddes an das du stark bleiws/bass, ech sin secher deng kollegen sin fir dech do an helefen dir aus dem schweieren verlust raussekommen !

Anonymous said...

Rom,
mir konnte net verstoen wei sou en gudde leiwe Mensch weis du, einfach net mei do soll sin.Du hues op eiser Hochzeit fir bommestemmung gesuecht an mir haten dech all an eis Haerzer geschloss.Du wars mengem Mann an mir en gudde Frend an mir waerten dech nie vergiessen.Mir waerten den Rom emmer an eisem Haerz behalen.

Anonymous said...

ech wollt heimat mein haerzlechst Beileed beidrooen fier den white_wulff.

Anonymous said...

haerzlechst Beileed un dier Knuddelkett.
ciao lupo bianco,un giorno o l'altro ci ritroveremo.
yamaha 850 (vito)

Anonymous said...

Aujourd'hui ca fait un an que tu es parti de nous,quand je sors le soir ,je regarde vers le ciel et je vois une grosse étoile qui brie,et a cette étoile je lui ai donner le nom de white_wulff,car c'est toi l'étoile,je ne t'oublirai jamais tant que je verrai cette étoile

Anonymous said...

white_wulff mein frend du wees daat ech emmer un dech denken bass mier daat bescht waat mier je geschitt ass mier gesinn eiss mein frend lupo_bianco sarei sempre il lupo piu grande di me ciao amico
red_wulff

Anonymous said...

white_wulff

ass schon 1 joer hier,
hun dech net vergiess,
an werd dech och nie vergiessen,
denken emmer un dech,
egal weu ech sin.

du wärst emmer an mengem Herz bleiwen,
an do bleiwst du fir mei liewen lang

maus-elena